Eng Dréikräiz-Dier ass déi beschte Léisung, den individuellen Zougang zu zouenen Terrainen oder Gebaier ze kontrolléieren. Eng Dréikräiz-Dier verhënnert, datt méi wéi eng Persoun allkéiers Zoutrëtt kritt.
D’Dréikräiz-Diere vu Bam Bormet ginn et a verschidde Modeller a mat enger Finitioun vun Top-Qualitéit:
- Mat riichten oder U-Loop-Staangen
- Behandlung vun der Oberfläch: bestraalt a metalliséiert
- Thermo-tempereiéert Polyester-Beschichtung an de standard RAL-Faarwen (aner Faarwen a eng Inox-Beschichtung ginn et als Optioun)
Eis Dréikräiz-Diere gi fir verschidden Zwecker installéiert:
- Kontroll vun de Mataarbechter an Entreprisen
- Kontroll vun de Supporter a Fussballstadien
- Kontroll vun de Clienten a Gaarden-Zentren
- Kontroll vun de Visiteuren a Fräizäitgebidder
- asw.
Et gëtt eng moossgeschneidert Léisung fir all Uwendung. Egal ob et immens vill oder nëmmen e puer Spectateure sinn, ob d’Leit e Caddie oder eng Poussette dobäi hunn, asw. Hei d’Optiounen: